
BERODUNG
MANAGEMENT BERODUNG FIR KLENG ENTREPRISEN
Oft feelt net vill vir dass eng Firma sech positiv weiderentwéckelen kann. Heiansdo muss een just eng Prozedur verbesseren, een Suivi opbauen oder och eng strategesch Decisioun huelen. Mee dofir muss een wëssen wou ee nom Feeler sichen muss an wat een zäitno änneren kann. Mir wëllen den PME´en eis Erfarung ubidden, hinnen hëllefen alldeeglech Problemer ze léisen an si guidéieren vir dass si erfollegräich duerchstarten kennen.
Mir schaffen no eisen Gronndreegelen :
ADMINISTRATIOUN
Dir braucht Ënnerstëtzung am Alldag an wëllt méi effizient schaffen.
Mir kennen Iech hëllefen :
- Nei Prozeduren opzestellen
- Ee Suivi anzeriichten
- Ären Service Clientèle ze verbesseren
- Eng Restrukturatioun an ärer Organisatioun an d´Wee´er ze leeden
- Eng Analyse vun ärem Betrib ze maachen
MARKETING
Dir braucht Ënnerstëtzung an ärem Marketing an dir wësst net wou dir sollt ufänken ?
Mir kennen Iech hëllefen :
- Nei Produkter ze entwéckelen
- Nei Mark´en opzebauen
- Nei Kommunikatiounen an d´Wee´er ze leeden
- Eng bestoend Mark nei entflamen
VENTE / EXPORT
Dir wëllt är Vente´en steigeren an är Produit’en exportéieren mee wësst net wou ufänken an op wat oppassen ?
Mir kennen Iech hëllefen :
- Nei Verkafsaktiounen ze plangen
- Eng Analyse ze maachen op dir prett fir den Export sidd
- Eng Checklist opzebauen ob wat dir alles oppassen musst
- Eng Prioritéiten Lescht opzesetzen




