PROMOTIOUN

Promotiouns Artikel fonctionnéieren – dat ass Fakt!

Den Verkaf kann een duerch verschidden Outil´en stimuléieren.  Mark´en kann een duerch divers Methoden bekannt maachen.

Promo Artikelen hunn den Virdeel dass se méi Sënner gläichzäiteg ureegen (fillen, kucken, richen, schmaachen) an esou eng komplett Sensatioun ausléisen. D’Leit sinn ëmmer erëm frou fir flott an nëtzlech Artikelen ze kréien, déi se och an hirem Alldag benotzen kennen. Et ass dowéinst extrem wichteg den « richtegen » Artikel ze wielen, well dës direkt mat ärer Firma oder Mark an Verbindung bruecht wäerten ginn

100% No ärer Visioun

Eis Stäerkt léit am Entwéckelen vun 100% op d‘Mooss gemaachten Artikelen, déi genau dem Marken- resp. Firmenbild entspriechen an soumat net direkt an engem Kataloge ze fannen sinn

Natierlech bidden mer awer och sämtlech Standard-Artikelen un, déi mat ärem Logo oder Faarwen personaliséiert kennen ginn.

Ob elo 1000 T-Shirt´en fir een Concert, 500 Bäll fir ee Benefizmatch oder een total nei entwéckelten Gadget, all dëst sinn mir bereet vir Iech ze entwerfen. Deelt eis einfach är Wënsch mat.

Kuckt Iech hei puer vun onsen Referenzen un

Merchandising

Är Mark brauch méi Visibilitéit an dofir iwwerleet dir an een neien Segment ze expandéieren? Dir braucht dofir den richtegen Partner an wëllt net selwer alles organiséieren?    

Mir kennen Iech hëllefen :

- Den richtegen Partner ze fannen

- D´Supply Chain ze klären

- D´Negociatioun an den Suivi ze maachen

- Designer an den Branding unzepassen

10_logo_vectorisé_blanc_sansfond.png
  • LinkedIn - White Circle
  • Instagram - White Circle

©2018 by M.E.W. SARL.